le CSO a droit au nouveau site Parc des Sports Oberkorn

Contacter l'auteur de la pétition

Ce sujet de conversation a été automatiquement créé pour la pétition le CSO a droit au nouveau site Parc des Sports Oberkorn.

Heng

#26 Re: ultras FCD

2012-08-15 10:24

#18: fanatics95@hotmail.com - ultras FCD 

 Ech froe mech ob dir dann déi soi-disant " iwwerdriwwe Fuerderungen" vum CSO iwwerhaapt kënnt? D'Fuerderungen vum CSO sinn am Aklang mat engem demokrateschen Vote am Gemegerot vum 9. März 2011 wou de Projet vum neie Stadion gestëmmt ginn ass. Iwregens huet den Buergemeeschter do selwer gesot dass dat Installatiounen fir den CSO an den FC Déifferdeng sinn.

Dann zu de Leit déi do stoungen. Dat ass ëmmer eng Momentopnahm. Et stoungen och ee Moment 40 Leit do. Memberen vun all Partei waren um Protestpiquet, souguer vun der DP wou ganz vill Memberen net mam Schäfferot senger Décisioun d'accord sinn. 

Ech ginn ierch recht dass d'Logik wier dass di 2 Veräiner den Terrain sollen deelen. Den CSO ass nach ëmmer dialogbereed mais eng telefonesch an eng schrëftlech Demande fir zesummenzekommen ass vum FC D03 ofgeleent ginn.


Visiteur

#27

2012-08-15 14:29

meint laang huet den cso sech queesch gestallt an der gemeinsamer notzung vum stadion an elo wou et ze speit ass get manifesteiert .traureg.een ex cso fan deen elo den fcd kucken geet.
Heng

#28 Re:

2012-08-15 18:32

#27: -  

Do gesäit een wéi schlecht du informéiert bass. Den CSO huet sech zu kengem Zäitpunkt queesch gestallt. Di 1. Versammlung mam FC Déifferdeng03 a mam Mediateur war den 22.März2012. Den FC Déifferdeng huet eis seng Virstellung iwwert d'Notzung vum Site an Erklärungen zu der famouser Fussballschoul présentéiert an et gouf ofgemeet eis nom Coupe Match den 19. Abrëll 2012 erëmzegesinn wou den CSO seng Proposen bréngt. Den FC Déifferdeng huet eis kloer gesot dass d'1. Equipe vum CSO sëcher zu Uewerkuer spillt. Déi Leit déi de Géigendeel soen , soen d'Wouerecht net. Dat ass Fakt an daat huet den CSO den héigeren Instanzen kloer matgedeelt. D'Fro déi sech stellt, firwat huet Déifferdeng sech queesch gestallt an eng 2. Entrevue net méi gewollt? Si hätten an der Versammlung als éischt d'Propose vum CSO kritt an hätte kéinten soen wat hinnen gefällt oder net. Iwwregens et ass net ze spéit, den CSO ass nach ëmmer fir en Dialog, well jidder Biirger zu Déifferdeng muss sech bewosst sinn, dass d'Aarbechten fir den Woiwer konform ze maachen, deier ginn a firwat souvill Mio Euro'en nach derbäi investéieren wa schonn alles zu Uewerkuer steet.

Am September 2011 um Spuetestëch (virun de Walen!) kritt den CSO, op d'Fro wellech Equipen vum CSO a vum FC Déiffedeng 03 um neie Site spillen, gesot: Den CSO spillt mat sengen Equipen do a vum FC Déifferdeng kommen d'Seniorséquipen an di eng oder aner Jugendéquipe selon les besoins op de neie Site spillen. Si hu jo nach 2 Terrainen um Thillebierg, den AS-Terrain bis den ofgerappt gëtt,  de Woiwer an de Lunasterrain wou d'Junioren drop spillen.

Komesch dass dann di ganz Situatioun am Wanter 2011-2012 ( no de Walen) komplett changéiert.   

Eng aner Saach, mengs du net den FC Déifferdeng hätt op déi selwecht Mannéier reagéiert wann dat hinnen passéiert wier?

Phil O'Soph

#29 Retro_Këscht

2012-08-16 19:36

e puer Froën: wât wuar virun 2003? wât wuar mat déer deemoleger Red Boys? wou sin se gefall? wou hu se wéilang gespillt? wee weess dât nach, vun deene sougenannten Eirensanns (Pampersmen&girls) et ass schon e Pâk Joeren hir? ----- an et ka vill passéieren an 10 Joer, oder manner -----
Ech mengen d'Red Boys wuaren deemols an der Versenkung :-)))

Ce message a été supprimé par son auteur (Montrer les détails)

2012-08-16 20:15


forza fcd 03

#31 Re: Retro_Këscht

2012-08-17 20:37

#29: Phil O'Soph - Retro_Këscht

an wat huet dat mat deem neien terrain ze din ???????? et get just een club an der gemeng an dat ass eisen FCD 03 ,oder huet den cso geint PSG oder AA gent gespillt an europa op sech opmierksam gemeet ???

Phil O'Soph

#32 Re: Re: Retro_Këscht

2012-08-17 22:34

#31: forza fcd 03 - Re: Retro_Këscht

ha, et feelt awer eppes an de Gehiirwindungen :-D


Visiteur

#33 @retro.kescht

2012-08-18 11:21

Bass jo gantz dichteg mat dengen( Eirensans) dovunner oofgesin dass dred biys deemols schlecht gung. an et elo keng Red boys/ ASD mei get. mais eben e Fusiounsclub. D'Iron Sons get et awer na emmer an all deifferdenger Supporter ass matgezun.Oder weis du se eben vernennen wells.

mais et geet jo lo net em dsupporteren.
ech hun och versiounen heieren vu commitesmemberen vum CSO.
an wann ech hei lo seu liesen. hun seuguer verschidden Insider'fans/comptoirsFutzien. jo iwwerhaapt net noogelauschtert. mais bon et ass an der rei sech hannert saachen ze verstoppen.
an wann d commitesleit vum CSO behaapten dass se am Recht sin. da waerten se jo na zu hierem kommen.

Ajo vue que dass hei jo keen sai numm schreift.

ech sin et. Pozzacchio Olivier.Fan vum FCD. Iron Son sait 16 joer. dann verwiesselt daat och keen um comptoire!!!
een deifferdenger jong

#34 @retro kescht

2012-08-18 19:24

wuar eng keier den cso kucken lescht saison an obs du et gleews oder net sin waehrend dem match ageschlof ech hun geduecht ech wier an enger mass .keng supporteren keng stemmung dat ass den cso .dann hal op eppes geint deifferdenger fans ze soen well do kennt weinstens eppes un stemmubg op.iwwregens sin et d iron sons schon gin wou d red boys an der 1divisioun gespillt hun an sie sin elo nach emmer fir den club do.An waat huet uewerkuer ??????komm muar bis op kaerjeng laanscht dann gesais du wat fussballstemmung ass.
Dan86

#35

2012-08-19 17:00

Et huet keen eppes geint den Fcd03 gesoot....dann haal du zu dengem MEISCH LORGÉ ...fussballstemmung fussballstemmung wann s du upöbelen an domm a fresch gin fussballstemmung nenns dann hu daer guer neischt verstaanen ech hu schon oft materlieft wei fresch an ausfaalend verschidden Leit dei bei den Iron Sons stungen, gi sin daat ass keng Fussballstemmung et deet mer leed...an daat heiten ass och gemaach fier iwwert den Terrain an di Saach mam CSO ze schwetzen net fier iwwertFans ze schwetzen.

Daat hei huet och neischt mat den Iron Sons ze din:)...mee mat deene leit dei do stungen also net falsch verstoen!

Schartz Alain

#36 Fankultur

2012-08-19 19:58

à propros Fans an Iron Sons: ech weess net wen alles do engagéiert ass, AWER ech hun se erliewt wéi mär (CSO) an der Coupe de Lux. zu Nidderkuer gespillt hun. Ech wuar um Terrain als Plazdelegéierten (Platzpolizei) an ech hun do ganz vill Schrott, Insülten, Frechheeten an an an matkritt. Zumols en Här Hobscheid huet ganz béis Wieder gebrauch (och nach e Koup aner Leit déi ech net kannt hun). Wann dat är Fankultur ass, ma abee jo.
Och hun ech e Mätch zu Péiteng, Uewerkärjheng gesin (lescht saison) wou déi "soit-disant" Ironsons sech ferm doniewt beholl hun, ech ka mech erenneren, an dat wuar keng Stemmung, dat wuar, mell ausgedreckt, krass.
An elo well ech näischt méi zu der Fankultur, Iron Sons, vum Déifferdeng soen, well ...
Et wir besser d'Leit giefen sech informéieren wat vun 2009 bis Enn 2011 gelaaf ass. E kompletten Dossier kann ee bei mär kréien (alain@cso.lu).

Visiteur

#37 re stemmung

2012-08-20 17:23

Lol lascht joer peiteng auswaerts..... Do hun mol kee fandel well dleit an der vakantz woaren. an kaerjeng auswaerts naja. do wees ech onet vill. iwwregens well ech mol guer net op puer dichteger zereckkommen weu op der tribune soutzen(schwatzen hei vun da coupe cso-fcd) dei haaten och besser doheem ze blaeren well deen daag huet een et bis op kentzeg heieren. dass ganz kloer dass mer bessi emotional sin mais bon dorunner woren och puer offentlech aussoen saitens der cso schold dass mer bessi mei.haard woren.. mais mell an krass... naja. bon haalen mer op iwwer fans ze schwatzen. daat huet hei jo nix verluer. ech wollt fiirdrunner nemmer op ee post reageieren. Vu virdrunner geschriwwe gouf. olli
fcd 03 supporter

#38 ennerschreften

2012-08-24 18:33

Nach emmer keng 200 ennerschreften ????? et huet een d gefill wei wann dei meeschten leit net wellen dass dei blo den terrain kreien .FIRWAT WUEL ?????? Scheinen dag nach .
Schartz Alain

#39 c:/fcd03supporter/#38/ennerschreften/gehiirwindung/delete

2012-08-24 22:03

Mär schreiwen den 24. August 2012
Just eng kleng Info fir den Här/Madame "fcd 03 supporter":

Ech hun des Petitioun den 24. Abrël 2012 organiséiert, AWER (ech betounen AWER) ech hun se eréicht den 7. AUGUST PUBLIZÉIERT, dann denken ech datt 185 Ennerschrefften bannen 17 Deeg (haut 24-7=17 :-D) en Erfolleg ass. A wisou, ennert wat fir engem Aspekt, oder wat fir ee Recht huelt diir Iech eraus, fir esou e Kommentar ofzegin, wéi Diir en hei ôf gitt? Et wir heiansdo gudd, wann een sech géing am Virfeld informéieren :-)) well dommgebraddels gëtt et genuch.

Nach eppes:
op eiser Facebooksäit vum CSO:
"http://www.facebook.com/pages/CSOberkorn/126511199766" sin bannen e puer Deeg, eis "liken" vun 289 op 433 Fans erop gang (24/08/2012).
An um link hei hannendrun "http://www.facebook.com/pages/CSOberkorn/126511199766?sk=page_insights" kann een Statistiken nokontrolléieren.
Voilà, en plus muss ee bedenken, et ass oder wuar grousse "Congé" :-)) an net jiddereen traut sech fir ze schreiwen an ze ennerschreiwen.

Als lescht Wuert: Kommt Zeit, kommt Rat.

Visiteur

#40 Re: c:/fcd03supporter/#38/ennerschreften/gehiirwindung/delete

2012-08-25 11:13

#39: Schartz Alain - c:/fcd03supporter/#38/ennerschreften/gehiirwindung/delete

Firwat dann emmer esou agressiv aentwerten , ech hun jo just eng fro gestallt an eng fesstellung gemach !!!!!! Wann ech richteg informeiert sin huet Deifferdeng iwwer 20.000 awunner , och wann maer all dei eweg huelen dei sech net fir den fussball interesseieren sin 200 ennerschreften net vill.Daer hut jo secherlech naischt dogeint wann ech hei meng meenung soen oder daerfen nemmen cso fans hei een kommentar ofgin. An der Hoffnung eng manner agressiv aentwert ze kreien wenschen ech iech een scheinen week end.

Schartz Alain

#41 Re: Re: c:/fcd03supporter/#38/ennerschreften/gehiirwindung/delete

2012-08-25 12:21

#40: - Re: c:/fcd03supporter/#38/ennerschreften/gehiirwindung/delete

... nach engkéier zur Informatioun (wann dat net sollt opgefall sin): de fait datt des Petitioun eréicht eppes iwert 2 Woche geet, denken ech datt 185 Ennerschreften banne 17 Deeg ... wat heescht datt all Dag mindestens 10 Leit ennerschriwen hun, guer net schlecht ass (et kann een et och schlecht maachen, dat ass d'Recht fir jiddereen) awer et wir schon gudd wat een, wou wat schreiwt. Well wann een gehässeg schreiwt "mol nach keng 200 Ennerschreften" ass dat gestëppels. Ech géing soen: "oh, schon 185 Ennerschreften banne 17 Deeg, daat sin der awer vill", et hänkt dovuner of wéi een et ophöllt a gesäit, a jiddereen kann an duarf et emsetzen wéi e wëll, just eng gewësse Fairness soll bleiwen.

n.b. Ech gi mäin eegenen Numm un, kengem anere säin oder e fiktiven (bleiwt natiirlech erem jidderengem iwerlooss ...)
Schéinen Dag a Weekend gewënscht (25/08/2012).

Daxor78
Visiteur

#42 dei fair a fein politiker

2012-08-26 19:28

Ech fannen dat esou een traditiouns Verein(wei den CSO a mengen Aan doutsecher ass),ee Urescht op deen Terrain soll hun an och soll behaalen, an hierem Duref,wou si dei etlech Joeren firdrun och gespillt hun!
Et fannen et schlem wann Politiker an Geldgeber sech iwwert daat sportlecht ewech setzen a geint den Interet vun den Uewerkurer Leit ee Verein aus dem Nopesch Duref do spille loosen an den CSO einfach firun Vollendet Taatsaache setzen ! Schummt aerch!!
Merci Haer Meisch
ps dei naechst Wahlen kommen bestemmt

Ce message a été supprimé par l'administrateur du site (Montrer les détails)

2012-08-27 12:13


Heng

#44 Feststellungen zu verschidden vu mengen Kommentären

2012-09-01 08:14

No 2 Wochen

un den Realist (#14), keng Reaktioun op mäin Kommentär (#15)

un den fanatics95@hotmail.com (#18), keng Reaktioun op mäin Kommentär (#26)

un de Visiteur (#27), keng Reaktioun op mäin Kommentär (#28)

Vu que dass bei deenen uewengenannten Kommentären keng Reaktioun komm ass, ginn ech dovunner aus dass meng Äntwerten richteg sinn an dass di betreffend Leit sech bewosst sinn, dass si virdrun falsch oder guer net informéiert waren. Sollten si awer vun hirer Meenung nach ëmmer iwwerzeegt sinn, da sinn ech awer gespaant wellech Argumenter si hunn. Ech wäert och déi konteren. Ech si gespaant op d'Reaktioun vun deenen 3 Concernéierten.

Visiteur

#45

2012-09-27 21:14

ASS NACH EEN DO ?????
den besserwesser

#46 leiw uewerkuerer frenn

2012-10-04 19:46

hutt daer aerch elo endlech berouegt??????? knapps 200 ennerschreften fir eng petition dei zenter meint leeft seet jo schon alles .Bei den ennerschrefte hun ech esou meng zweifelen dass do net en besschen gefuddelt gin ass , wann ech maer dat esou ukucken ( z.b dei lescht dei eran komm sin !!!!).et ass net schweier einfach een numm ze posten an irgend eng uertschaft , mais bon ech sin aerch dofir net beis . Well ouni dat getricks haett een vlaicht eng dosen ennerschreften zesummen kritt ,do haett een sech nach mei blameiert. Wenschen aerch trotzdem nach bonne chance fir des saison an hoffen dass daer dranbleit an der eierepromotioun. Nach eppes , ech hun maer aer zuschauerzuelen ungekuckt fir des saison an sin op eng moyenne komm vun knapp 113 zuschauer pro match .Den FCD huet bis elo dei heichsten zuschauerzuel mat 1144 lait .
Heng

#47 Re: leiw uewerkuerer frenn

2012-10-05 19:12

#46: den besserwesser - leiw uewerkuerer frenn 

 Léiwe Besserwësser dee warscheinlech net vill weess

Mir sinn bal bei 300 Ënnerschreften, dat ass schonn méi wéi Dir sot. Wat Zuschauer zuelen ubelaangt do vergläicht dir awer Äppel mat Biren. Wann den CSO um neien Terrain géing spillen  wier den Duerchschnëtt doudsecher bei 150, wat fir Éirepromotioun net schlecht wier.  De Schnëtt vum FC Déifferdeng wäert och nach erofgoen well deen ass de Moment nëmmen sou héich duerch 2000 Gratisbilljeten géint Nidderkuer an d'Jeunesse ass och schonn"Moien" soe komm. Esou eng Moyenne hätt Déifferdeng um Thillebierg net . D'Gemeng soll eis zu Uewerkuer spille loossen an da gesi dir a si(d'Gemeng) wéi séier d'Zuschauerzuel vum CSO klëmmt. An d'Gemeng hätt och eppes dovun well da géing d'Parkhaus beim Stadion méi séier rentabiliséiert ginn.    

 


Visiteur

#48 matcher

2012-10-27 23:06

Also den mueren hunn Minimen eng Stonn mei speit ugefaangen well opeisem Stadion Den FChollywood naischt prepareiert haat,
also merci un eis Kanner dei gehollef hunn Goaler droen an den terrain zeechnen fier ze spillen dest ass eng super leeschtung. Bravo minimes dass der dem FC hollywood gewissen hudd waat Fairness ass.
An dann kennt den FChollywood nach kucken matt der Behauptung mär hatten scolaires do spielen BUHHHHHHHH!!!!

Visiteur

#49 Re: matcher

2012-10-28 20:30

#48: - matcher

Deifferdeng verleiert mat sengen Scolairen 15 :0 geint den Cso. An Minimes spillen 4:4  geint Deifferdeng,den Fc Mei(Meisch + Bei)  hat nach vill Chance  dss se net mat nach 5 goaler mei geklappt ginn sinn an dann kommen se nach reklameiren mir haetten Scolaire dobai , nemmen well eis Spiller ze stuark fir sie wuaren BUHHHHHHH

 


Visiteur

#50 Re: Re: matcher

2012-10-31 18:54

#49: - Re: matcher

Do mierkt een dass et hei am land vill leit net vill ahnung vun fussball hunn ,soss gengen verschidden leit hei net esou een bloedsinn schreiwen.Bei den jugendmatcher soll een keen waert op een resultat setzen , dat zielt guer net , mais et ass wichteg dass d kanner spaas beim fussball sollen hun !!!!!!!!! ech hun aer scolairen live erliewt an wat ech do gesin an heieren hun mecht mech traureg ( een geblerrs sonnerglaichen waehrend dem ganzen match , egal wat )Iwwregens wuaeren dei deifferdenger jongen scolaires 3 an net scolaires 1. et beweist maer emmer mei dass daer deen terrain net verdingt hut an dass daer deen terrain NIE waert kreien mat esou dommen kommentairen .Daer hut nemmen bewiesen dass daer keng ahnung vun psychologie am jugend beraich hut .ech sin op jiddenfall dass meng kanner net zu uewerkuer spillen . een club wei den FCD haett och seng scolaires 1 keinten schecken mais am geigendeel zum cso huet den fcd dat net neideg .ech kann nemmen hoffen dass dei laecherlech kommentaren net vun esou soi disant dirigeants oder traineren vun aerch kommen ,well dann hud daer geschwenn keen jugendspiller bei aerch lafen .ech ging dem cso virschloen dei kommentaren ze supprimeieren wann se sech net wellen laecherlech machen .aqn der hoffnung dass daer gemierkt hut wei laecherlech daer aerch gemeet hut wenschen ech aerch nach schein joeren um woiwer