le CSO a droit au nouveau site Parc des Sports Oberkorn

Heng

/ #26 Re: ultras FCD

2012-08-15 10:24

#18: fanatics95@hotmail.com - ultras FCD 

 Ech froe mech ob dir dann déi soi-disant " iwwerdriwwe Fuerderungen" vum CSO iwwerhaapt kënnt? D'Fuerderungen vum CSO sinn am Aklang mat engem demokrateschen Vote am Gemegerot vum 9. März 2011 wou de Projet vum neie Stadion gestëmmt ginn ass. Iwregens huet den Buergemeeschter do selwer gesot dass dat Installatiounen fir den CSO an den FC Déifferdeng sinn.

Dann zu de Leit déi do stoungen. Dat ass ëmmer eng Momentopnahm. Et stoungen och ee Moment 40 Leit do. Memberen vun all Partei waren um Protestpiquet, souguer vun der DP wou ganz vill Memberen net mam Schäfferot senger Décisioun d'accord sinn. 

Ech ginn ierch recht dass d'Logik wier dass di 2 Veräiner den Terrain sollen deelen. Den CSO ass nach ëmmer dialogbereed mais eng telefonesch an eng schrëftlech Demande fir zesummenzekommen ass vum FC D03 ofgeleent ginn.