le CSO a droit au nouveau site Parc des Sports Oberkorn

Contacter l'auteur de la pétition

Ce sujet de conversation a été automatiquement créé pour la pétition le CSO a droit au nouveau site Parc des Sports Oberkorn.


Visiteur

#1

2012-08-08 23:56

Merci villmols

Visiteur

#2

2012-08-09 08:41

Gemeng Deifferdeng soll sech mol een decken schummen fier dei wou se allkeiers kommen loossen. Et ass traureg dass en Verein deen et seit 1930 gett net daat recht huet an sengem eegenen Duerf net Fussball spillen Daerf. Herr Meisch schummt ierch mol en bessen vill.

Visiteur

#3

2012-08-09 08:52

Et ass en hoon waat Gemeng Deifferdeng do kommen leist. Just eng fro, wann zu Deifferdeng en neien Stadion gebaut gin waer haett Den CSO eleng Rechter kritt fier den neien Site ze benotzen. Ech mengen net
wiseler carlo

#4

2012-08-09 10:20

anstatt dass eisen diktator meisch mad senger gard dei grieng ( liech ) sech esou em d´affaire leiweing kemmeren hetten se emol besser ze kuken wat se hei an der drecks gemeng obfeieren , ech werd ned mei bei engem sponsor den do um terrain as eppes kaffen well dann fallen ech eischter doud em , werd dad och un all bekannten vun mer weider ginn .

Visiteur

#5

2012-08-09 11:38

Dommage pour le CSO et ses supporteres ils on mériter ce terrain ils on écrit l'histoire du foot luxembourgeois sur ce terrain.

Ex joueur du CSO je supporte cette pétition et le CSO à les mêmes droits que le FC03
Alain Schartz
L'auteur de cette pétition

#6 Re:

2012-08-09 11:46

#5: -

Merci de nous soutenir


Visiteur

#7 terrain

2012-08-09 20:42

gudden owend, et deet mer leed fir all cso fan , mais et ass leider esou dass daer naischt op deem terrain verluer hutt.ech war selwer um terrain an ech gesin den uewerkuerer club mat hiren 5 oder 6 equipen net do spillen .Deen terrain ass gemach. fir eng equipe dei all joer europapokal spillt an fir den champion vun Letzebuerg.Et kann net sin dass esou een klengen club wei den cso deen knapps 50 spiller huet op esou engem terrain soll spillen ,dat ass dach net logesch,et deet mer leed fir aerch dat esou ze soen mais et ass net anescht.cso ass an bleiwt een duerfverain ouni vill ambitiounen (daat ass net schlecht gemengt mais nemmen d wouerescht)mat weineg zuschauer (zweschen 50an 70 lait pro match, dei gengen sech jo verlaafen op deem mega terrain).ech sin keen fcd fan mais nemmen een realist.
Dan86

#8 Stade "MUNICIPAL"

2012-08-10 01:49

@Visiteur Sujet----> TERRAIN: Mat aerer realistik hu daer net onrecht dass deen Terrain ze grouss ass. Fier den FCD03 ass e schon ze grouss!...Dofier ass jo beschwaat an ausgeschafft gin an daat mat der Gemeng an eeben dei 2 Verainer CSO an FCD03 fier daat ganzt zesummen op d´Been ze setzen an en Accord ze fannen wei een daat kéint organiseieren. Et ass awer net richteg den CSO aus Uewerkuer ze verbannen, ech mengen den Club ass jo schon (mei wi)80 joer do da solle se och do bleiwen an zwar zu Uewerkuer. De Club heescht jo nit fier neischt CERCLE SPORTIF OBERKORN (CSO)...Et wier jo och net richteg Ierch aus Aerem eegenen Haus ze verbannen wann der daat net wellt!Oder?? (an do muss Daer maer Recht gin!)...Ech brauch net ze polemiseieren mee daat hei ass awer leider d´Wouerecht. Ech beschaissen och keen well daat brengt souwisou guer neischt. Mee den CSO huet zu 1000 % daat verdammte Recht do ze spillen!...Op Comptoirsgespreicher soll ee net agoen well do kritt een just d´halschent gesoot an daat ass och nach alles Falsch. Ech well net soen dass Leit falsch schwetzen mee se kreien leider nemmen eng Seit vun der ganzer Geschicht mat. Ech mengen den CSO huet och eppes dozou ze soen. D´Leit wellen och, an daat ass iwwerall an an all Situatioun esou, just daat héieren waat se wellen. An da kennt nach dobei dass dee neie Stadion eeben "STADE MUNICIPAL" heescht, do daerfen laut menge Sportlechen Erfahrungen all dei Equipen aus der Gemeng spillen. A Brasilien, Italien, Argentinien, deele sech 2-3 Equipen e Stadion also kann daat och hei de Fall sin. Aere Kommetar respekteieren ech mee meenger Meenung si daer do e bessen falsch informeiert.
Et ass einfach ze soen den CSO geheiert net op dee neie Stadion, nemme well dei eng Equipe Europäesch an National eppes opweises huet, daat ass jo alles schéin a gudd mee ze Banal fier d´Fakten schwetzen ze loossen. Ech denken och dass eis Super Nationalequipe dann neischt um Josy Barthel ze sichen huet!



Merci

Visiteur

#9

2012-08-10 16:56

Ech fannen dat einfaach schlemm,dass mer elo nt un neien Terrain spillen kennen. Well elo mussen all ais Jugend-Spiller op de Woiwer goen! et ass jo net grat sou ,dass mer net ant schoul goen mussen, an virun allem nach dei dei am Classique sinn hunn keng Chance all ihr Pflichten ze erfellen.Do gett entweder de Sport oder Schoul vernolessegt! An ween de korrupten Meisch dat sou well ,dasst Kanner no da SChoul no ihren Pflichten nemmen nach um Computer setzen an alleguerten iwwergewichteg sinn ... oder das dei meescht keng anstanneg Arbescht mei fannen well se keng anstenneg Schoul gemaacht hunn well de KORRUPTEN MEISCH (Den sech fir seng ezen zwecker "bessen" Suen vun Bei gehol huet) ais als wuertwiertlech "verschass" huet! Et soll een mol och unt Jugend denken!
CSO_Fan

#10 Re: Stade "MUNICIPAL"

2012-08-10 17:00

#8: Dan86 - Stade "MUNICIPAL"

@Dan86 ... ech soen nemmen einfach: SUPER statement, well ech hu vill héieren, um comptoir, dobaussen an der Strooss, um Terrain an op der Arbecht, an et sin ganz vill Leit déi e bregrenzten Horizont hun. Ech well och keen ugreifen, awer vill Déifferdenger (an Uewerkuerer) wëssen net wat leeft. Informatioun wir ubruecht. An déi Desinformatioun mecht mech traureg, datt do "homo sapiens" sin déi sech behuelen ewéi e "cro-magnon" ouni Geescht an Intelligenz .... (obwuel déi och eng gewessen Cleverness haten)

den besserwesser

#11 equipen

2012-08-10 17:41

salut all zesummen .ech wollt mol froen weivill equipen den cso dann huet ? mei wei 4 ?
Visiteur

#12 Re: equipen

2012-08-11 20:56

#11: den besserwesser - equipen

Eegal weivill equipen en huet, si hun awer d´Recht do ze spillen. Mengt net dass den FCD03, well e vleit méi equipen huet alleng daat Recht haett  fier do um Site ze spillen.

Ech denken dass sou Kommentarer och net de Fakten entsprecht an dass et einfach banal ass wei d´Leit dobaussen hier Ouere spetzen an nolauschteren!

Et wier mol méi Sennvoll richteg nozelauschteren an sech vléit Fro stellen waat den CSO dozou ze soen huet!

Eeen direkt erauszeeekelen ass einfach!..

Dann aenwert mer mol op déi Fro weivill joer seit 1930 vergaangen sin, dass den CSO zu Uewerkuer spillt?

 

 

Dan86

#13 Re: Re: Stade "MUNICIPAL"

2012-08-11 20:58

#10: CSO_Fan - Re: Stade "MUNICIPAL"

Ganz genau an domadder hu Daer och vollkomme recht mat deem waat Daer soot.

den realist

#14 kann dach net sin

2012-08-12 21:10

ech bieden iech alleguer verstaenneg an realistech ze sin ,engem club deen knapps 3 equipen huet an sonndes virun 25 leit spillt esou een groussen terrain ze gin ass dach net logesch , esou leed et mier deet fir dei dozen uewerkuerer supporteren !!!!!
Heng69

#15 Re: kann dach net sin

2012-08-13 10:20

#14: den realist - kann dach net sin 

 Den CSO huet 6 Equipen ugemellt an et kommen op dee neie Stadion doudsecher méi wéi 25 Leit kucken! Déi 25 kéimen just op de Woiwer kucken wou se dann bei schlechtem Wieder net ënnerdach wieren (mat Ausnahm vun enger klenger Buvette)! De Realist muss sech bewosst sinn dass d'Gemeng ee staatleche Subsid kritt ënnert der Conditioun dass di 2 Veräiner drop spillen. Den Terrain ass och am Gemengerot gestëmmt ginn fir 2 Veräiner.  Eng Fro un den Realist: bass du averstaan dass d'Gemeng lo nach eng Kéier ee Batz Geld investéiert ( minimum 1 Mio € ) fir dass de Woiwer iwwerhaapt konform gëtt? .

Heng69

#16 Re: equipen

2012-08-13 10:22

#11: den besserwesser - equipen 

 Den CSO huet 6 Equippen ugemellt tendenz steigend

Dan86

#17 de realist

2012-08-13 12:53

Ech mierken graad dass daer neischt verstaanen hudd..

Kritiseieren ass einfach an daer hudd mer nachnnet op meng Fro geaentwert!

Wee soll dann hei verstaenneg sin?...do kann ee mol net vun eegener meenung schwetzen well daat ass einfach vum comptoir copeiert an heihinner gepost!. D'ouere spetzen a nolauschteren wier besser.

Nach eng keier den CSO huet d'Recht fier do ze spillen a faerdeg!...

Realistesch ze sin heescht och di aaner seit vun der Geschicht ze lauschteren awer net esou!
fanatics95@hotmail.com

#18 ultras FCD

2012-08-14 09:32

Logik ass dass di 2 verainer deen terrain deele sollen.
fakt ass dass puer CSO stuerkapp mengen fuederungen ze stellen dei iwwerdriwwe sin.

bei all Respekt fier aer aktioun virum Terrain aer gudd recht ass et.
mais zu 6 leit do ze stoen??? Wou woren dann dei 25 wou sech.op de woiver stellen gin???
An wou sin dei.soit disant uewerkuerer wu ronderem tuuten waat den FCD fiir e sch..verain soll sin. . ausser aeren haarde kaer vum commitee hun ech keen gesin.

Visiteur

#19 Re: ultras FCD

2012-08-14 14:43

marc

#20

2012-08-14 14:46

all respekt ultra fcd fir dain kommentar.et ass net well maet den terrain kritt hun dass elo all cso fan eisen club muss schlecht machen.Forza fcd.
Dan86

#21 Terrain

2012-08-14 16:25

@ fanatics95@hotmail.com : Waat schwetz du dann do, huet hei iirgendeen ee schlecht wuert geint den FCD03 gesoot, ech mengen net. Wann den CSO sech wiert dann mat guddem Recht, wann Leit do sin dei musse stenkeren an ausfaalend gin, huet daat neischt mat CSO Mitglieder ze din.

An haalt mol endlech op Verschwörungstheorien opzesetzen well daat ass totale Quatsch!
Wanns de net mei weess wei daat waat vum Comptoir kennt dann so einfach neischt!
Fiewaat lauschters de der net gaeren eng keier Versioun vum CSO un. Hun dei neischt ze zielen?

An nach eppes, et mussen net 50000000 Leit do stoen wann de Message op Banderolen steet. Ech mengen jidereen kann et jo liesen!

Informeier dech mol richteg daat ass e Fakt!!


Visiteur

#22 Re: Terrain

2012-08-14 20:21


Visiteur

#23

2012-08-14 20:25

merci dan 86 mat denger agressiver aentwert hues du maer an dem ultra fcd bewiesen wat vill leit zu deifferdeng denken.merci
dan86

#24 23

2012-08-14 20:46

Wei wells de da wessen dass et agressiv ass zielen der just saachen op wou de fakten entspriechen:))mei hun ech net gesoot;)ech soen dier merci well fier deng eierlech art a weis fier saachen ze verstoen:)mee.daat well hei jo guer keen heieren...
de Rudy

#25 mmmhhhh, Angscht?

2012-08-15 00:08

héiren ech do bei verschidden Déifferdeng-fans eng gewëssen "Unbehagen"? Ech denken nemmen déi, déi Schwieregkeeten hun mat der Wouhrecht, déi di net wëssen em wat et geet, déi, di op Comptoir'sgespréicher gin, déi wou Scheiklappen an e begrentzten Horizont hun, wou sech absolut net informéiert hun, déi am Endeffekt Nullussen a Matleefer sin, versichen eppes Krommzerieden wat Fakt ass, a wann de Sportsministär e Subsid nemmen dann akkordéiert, deen "non négligeable" ass, ennert der Konditioun, datt 2 Vereiner (CSO & FCD03) vum Site Oberkorn profitéieren, dann denken ech mär datt vill Leit aus der Gemeng Déifferdeng net wëssen wat leeft. (e fréihere Fan vum Aris Bouneweeg, deen sech informéiert huet)