le CSO a droit au nouveau site Parc des Sports Oberkorn

Quoted post

den besserwesser

#46 leiw uewerkuerer frenn

2012-10-04 19:46

hutt daer aerch elo endlech berouegt??????? knapps 200 ennerschreften fir eng petition dei zenter meint leeft seet jo schon alles .Bei den ennerschrefte hun ech esou meng zweifelen dass do net en besschen gefuddelt gin ass , wann ech maer dat esou ukucken ( z.b dei lescht dei eran komm sin !!!!).et ass net schweier einfach een numm ze posten an irgend eng uertschaft , mais bon ech sin aerch dofir net beis . Well ouni dat getricks haett een vlaicht eng dosen ennerschreften zesummen kritt ,do haett een sech nach mei blameiert. Wenschen aerch trotzdem nach bonne chance fir des saison an hoffen dass daer dranbleit an der eierepromotioun. Nach eppes , ech hun maer aer zuschauerzuelen ungekuckt fir des saison an sin op eng moyenne komm vun knapp 113 zuschauer pro match .Den FCD huet bis elo dei heichsten zuschauerzuel mat 1144 lait .

Réponses

Heng

#47 Re: leiw uewerkuerer frenn

2012-10-05 19:12:39

#46: den besserwesser - leiw uewerkuerer frenn 

 Léiwe Besserwësser dee warscheinlech net vill weess

Mir sinn bal bei 300 Ënnerschreften, dat ass schonn méi wéi Dir sot. Wat Zuschauer zuelen ubelaangt do vergläicht dir awer Äppel mat Biren. Wann den CSO um neien Terrain géing spillen  wier den Duerchschnëtt doudsecher bei 150, wat fir Éirepromotioun net schlecht wier.  De Schnëtt vum FC Déifferdeng wäert och nach erofgoen well deen ass de Moment nëmmen sou héich duerch 2000 Gratisbilljeten géint Nidderkuer an d'Jeunesse ass och schonn"Moien" soe komm. Esou eng Moyenne hätt Déifferdeng um Thillebierg net . D'Gemeng soll eis zu Uewerkuer spille loossen an da gesi dir a si(d'Gemeng) wéi séier d'Zuschauerzuel vum CSO klëmmt. An d'Gemeng hätt och eppes dovun well da géing d'Parkhaus beim Stadion méi séier rentabiliséiert ginn.