le CSO a droit au nouveau site Parc des Sports Oberkorn

Heng

/ #47 Re: leiw uewerkuerer frenn

2012-10-05 19:12

#46: den besserwesser - leiw uewerkuerer frenn 

 Léiwe Besserwësser dee warscheinlech net vill weess

Mir sinn bal bei 300 Ënnerschreften, dat ass schonn méi wéi Dir sot. Wat Zuschauer zuelen ubelaangt do vergläicht dir awer Äppel mat Biren. Wann den CSO um neien Terrain géing spillen  wier den Duerchschnëtt doudsecher bei 150, wat fir Éirepromotioun net schlecht wier.  De Schnëtt vum FC Déifferdeng wäert och nach erofgoen well deen ass de Moment nëmmen sou héich duerch 2000 Gratisbilljeten géint Nidderkuer an d'Jeunesse ass och schonn"Moien" soe komm. Esou eng Moyenne hätt Déifferdeng um Thillebierg net . D'Gemeng soll eis zu Uewerkuer spille loossen an da gesi dir a si(d'Gemeng) wéi séier d'Zuschauerzuel vum CSO klëmmt. An d'Gemeng hätt och eppes dovun well da géing d'Parkhaus beim Stadion méi séier rentabiliséiert ginn.