le CSO a droit au nouveau site Parc des Sports Oberkorn

Quoted post


Visiteur

#27

2012-08-15 14:29

meint laang huet den cso sech queesch gestallt an der gemeinsamer notzung vum stadion an elo wou et ze speit ass get manifesteiert .traureg.een ex cso fan deen elo den fcd kucken geet.

Réponses

Heng

#28 Re:

2012-08-15 18:32:28

#27: -  

Do gesäit een wéi schlecht du informéiert bass. Den CSO huet sech zu kengem Zäitpunkt queesch gestallt. Di 1. Versammlung mam FC Déifferdeng03 a mam Mediateur war den 22.März2012. Den FC Déifferdeng huet eis seng Virstellung iwwert d'Notzung vum Site an Erklärungen zu der famouser Fussballschoul présentéiert an et gouf ofgemeet eis nom Coupe Match den 19. Abrëll 2012 erëmzegesinn wou den CSO seng Proposen bréngt. Den FC Déifferdeng huet eis kloer gesot dass d'1. Equipe vum CSO sëcher zu Uewerkuer spillt. Déi Leit déi de Géigendeel soen , soen d'Wouerecht net. Dat ass Fakt an daat huet den CSO den héigeren Instanzen kloer matgedeelt. D'Fro déi sech stellt, firwat huet Déifferdeng sech queesch gestallt an eng 2. Entrevue net méi gewollt? Si hätten an der Versammlung als éischt d'Propose vum CSO kritt an hätte kéinten soen wat hinnen gefällt oder net. Iwwregens et ass net ze spéit, den CSO ass nach ëmmer fir en Dialog, well jidder Biirger zu Déifferdeng muss sech bewosst sinn, dass d'Aarbechten fir den Woiwer konform ze maachen, deier ginn a firwat souvill Mio Euro'en nach derbäi investéieren wa schonn alles zu Uewerkuer steet.

Am September 2011 um Spuetestëch (virun de Walen!) kritt den CSO, op d'Fro wellech Equipen vum CSO a vum FC Déiffedeng 03 um neie Site spillen, gesot: Den CSO spillt mat sengen Equipen do a vum FC Déifferdeng kommen d'Seniorséquipen an di eng oder aner Jugendéquipe selon les besoins op de neie Site spillen. Si hu jo nach 2 Terrainen um Thillebierg, den AS-Terrain bis den ofgerappt gëtt,  de Woiwer an de Lunasterrain wou d'Junioren drop spillen.

Komesch dass dann di ganz Situatioun am Wanter 2011-2012 ( no de Walen) komplett changéiert.   

Eng aner Saach, mengs du net den FC Déifferdeng hätt op déi selwecht Mannéier reagéiert wann dat hinnen passéiert wier?