PETITIOUN FIR D’GEBAI VUN DER PRIMÄRSCHOUL ZU BIERGEM ZE ERHALEN

Mär, 

Bierger vun der Gemeng Monnerech, mär musse beim Buergermeeschter an de Schäffe respektiv de concernéierte Ministèren intervenéieren, fir äis formell géint ee Projet ze stellen, deen déi al Primärschoul, geleeën um Nummer 1, rue de l’école (dat lescht Gebai vun deer Aart an eiser Gemeng) dem Erdbuedem gläichmécht an dann ee schmuelt, héicht, gespëtzt, total disproportionnéiert Gebai am Verglach zum Duerfkär amplaz setzt.

Dës Petitioun ass keng a soll och net betruecht ginn als eng Oppostioun zu der Noutwendegkeet, Wunnengen ze schafen fir jonk Leit an dat zu engem gënschtege Loyer, mä si ziilt dohinn, dass déi kommunal a ministerial Autoritéiten d’Opportunitéit iwwerdenken sollen, fir un dësem Site festzehalen.

Mär wëlle keng esou Architektur an engem Kär, deen elo duerch Bauerehäff respektiv renovéiert al Haiser geprägt ass.