Petitionenligne.net

Appel citoyen

Contacter l'auteur de la pétition

Visiteur#1 Oct 17, 2012, 18:10
Keng aristokratesch Privilegien méi, di selwescht Rechter fir jiddereen. Fir en demokratesch an op Amtszäit gewieltent Staatsoberhaupt!
Visiteur#2 Oct 17, 2012, 19:37
Wisou gëtt erëm alles op Franséisch geschriwwen? Een Grond fir mech schonn mol net ze ënnerschreiwen!
Visiteur#3 Oct 17, 2012, 19:45
Waat huet d'Sproch an där et geschriwen ass mam Inhalt vun der Petitioun ze din? Richteg. Naicht.
Visiteur#4 Oct 17, 2012, 19:54
Op Franséisch fir dass d'Famill vum Haff och alles versteet. ;)
de Renert#5 Oct 17, 2012, 22:22

D'Parlament ass kee Restaurant

Och wann sech bei engem rezenten Sondage 70% vun Befroten fir d'Monarchie ausgesprach hunn, sou ass awer och eng grouss Majoritéit ganz kritesch, wat z.B. d'Finanzéirung vum Haff ubelaangt. Nemmen knapps d'Halschent vun de Leit ass vun der sougenanntener "Prënzenhochzäit" (wat een topescht Wuert) begeeschtert. D'Begeeschterung fir den Haff hält sech demno a Grenzen. Ech sin iwerzeecht, dass eng grouss Majoritéit vun de Leit hei am Land net averstan ass, eist Parlament fir d'Hochzäit ann ee Restaurant ëmzewandelen. Dat geet een och soss néirens op der Welt sichen. Dat ass een Hohn, eng Frechheet!
MR#6 Oct 18, 2012, 09:46

Finanzéierung

350.000 € fir de Stat an 250.000 € fir d'Gemeng. Fir wéi domm halt Dir eis. Déi Hochzäit do déi kascht eis wäit méi wéi dat. Do ginn et nämlech ganz vill verstoppte Keschten, wéi zum Beispill d'Iwwerstonnen vun der Police, Bensinn a Villes méi wat mir net gewuer ginn. Mee dat ass jo net vill, wéi den Här Guillaume sot, hie geet jo och net schaffen an et si jo och net seng Suen.
D'Moonarchie, d'CSV an d'LSAP missten ofgeschaafft ginn.
Visiteur#7 Oct 18, 2012, 09:53
Richteg #2!
den Bananenrepublikaner#8 Oct 18, 2012, 10:44

Re: D'Parlament ass kee Restaurant

#5: de Renert - D'Parlament ass kee Restaurant

Eis Volleksvertrieder haaten domatt jo keen Problem, seier hun si hieren Carton gepackt an sin komentarlos hierer Wee gaangen. Sie kruuten jo och all, als Member vun der "high society", eng schein Invitatioun vum Haff. Dovier kann een dann schon mol democratesch Grondprinzipien iwersin. Laut Chamberpresident ass zoufälleg den Sall och graad nett gebraucht gin.....

Selwecht och beim Vote vun der letzebuerger Nationaliteit vir d'Comtesse: praktesch à l'Unanimité hun eis Volleksvertrieder dem Uerder vum Grand-Duc gefollegt. Wien vertrieden se wann iwert 60% vum Vollek laut Sondage dogeint ass??

An dann haat jo mol eisen Chamberpresident um Radio ganz stolz eklärt, als Spuermoosnahm geing ett an der Chamber just nach Crémant an keen deieren Schampes mei gin. Mool kuken op daat och vir desen WE gellt!

Den_Gigi#9 Oct 18, 2012, 11:00

Il y en a marre tout doucement...

Bonne initiative !
On demande à nous citoyens, petit à petit, de devoir économiser à droit et à gauche, de devoir renoncer à des droits et acquis, et notre Etat dépense de l'argent sans compter depuis des années pour des projets d'une importance moindre sans demander l'avis des citoyens !
Claude13.6#10 Oct 18, 2012, 11:07

Kuckt emol...

wat en Wouscht Europa eis hei an d'Land geschwemmt huet. Do soll en normalen Mensch frouh sin iwert d'Madame de Lannoy hei als Lëtzebuerger. Wat en Armut dass dir alleguer esou peinléch sidd. Kuckt emol ween alles hei as, et as doudschlëmm nozekucken.
Visiteur#11 Oct 18, 2012, 11:26
Rock the House ;-)
Iwan Petrowitsch Pawlow#12 Oct 18, 2012, 11:31

@Claude13.6

An den eichten Comptoirsracist as och hei!
Henry the Eigth :-)#13 Oct 18, 2012, 11:43

Ass daat do niedeg

Eist d'Land ass an groussen oekonomeschen Schwieregkeeten, mir hun eng delikat Balance vun eiser Bevölkerungsstruktur ze bewaeltegen, 10,7% vun der Bevölkerung liewen ennert der Armutsgrenz an mir machen eng Petitioun iwert eis dach ieschter dekorativ Monarchie dei eis bestemmt net mei deier get wie Presidenten (dei haalen jo bekanntlech net esou laang wie en Monarch, gin awer weider bezuelt).

Ech sin secher keen Monarchist mee huen mir wirklech soss neischt ze din?
Iwan Petrowitsch Pawlow#14 Oct 18, 2012, 12:10

Jo eta s neideg...

..Mettelalter ass nämlech schon e puer Deeg eriwwer...
El Patito#15 Oct 18, 2012, 12:10

Re: Ass daat do niedeg

Blutch#16 Oct 18, 2012, 12:39

Petitioun

An weini maachen dei selwecht leit eng petitioun fir op hier confortabel paien an aaner vierdeeler ze verzichten? Serveiert een sein land well een et gären huet an well een dru geleeft oder fir dei finanziel an aaner avantagen dei een dobai kritt? Do geng een mol richteg suen spueren!! Färdeg matt deier autoen ze fueren an deier reesen ze maachen. Rembourseiert ging zumbeispill nemmen de belechten trajet fir op breissel ze fueren asw. Wann de bus 25€ kascht fir op breissel dann sollen se 25€ remkreien wann se net wellen mam bus op breissel dann sollen se den enercheet selwer bezuelen. Sou soll et sinn an net aanechters! An vershiden nord laner ass et schon esou an vun deenen heiert een nie eppes...
Claude13.6#17 Oct 18, 2012, 14:22

Re: @Claude13.6

#12: Iwan Petrowitsch Pawlow - @Claude13.6

Da looss se dach bei dir doheem wunnen, du “Mutter Theresa“. Mais wann et eescht gët bas DU deen eischten wou randaléiert an sech beschwéiert. .... du Penner!

Troll#18 Oct 18, 2012, 14:51

Re: Re: @Claude13.6

#17: Claude13.6 - Re: @Claude13.6

Oh freck, du bass jo awer en ganz Gescheiten...

Salsero#19 Oct 18, 2012, 14:58

Re: Kuckt emol...

Peinlech ass eenzeg an alleng dee platte Rassismus."Le patriotisme, c'est l'amour des siens. Le nationalisme, c'est la haine des autres." Romain Gary.
Marc#20 Oct 18, 2012, 15:00
http://www.tageblatt.lu/nachrichten/story/Streik-und-Ausschreitungen-in-Athen-11371014

Kuckt emol dad ass europa, an wann et sou weider geed ass et och hei glaich esou weit, mir hun wierklech anner problemer wei sou eng dämlech hochtzeit dei kengem eppes brengt, an ech mengen vun eisen monarchen huet och keen eng gud idee wei mer deen wahnsinn vun scholden an arbechtslosegkeet kennen entgeint trieden. An wad seet eisen Heng ECH WELL NET SPUEREN. Dad seet alles
Rooster#21 Oct 18, 2012, 15:01

Re:

#1: -

Hu mier soss kéng Péng?

L'Etranger#22 Oct 18, 2012, 15:04

Re: Re: @Claude13.6

"Bass du deen éischten DEE randaléiert" heescht d'Pronomen an engem korrekten Relativsaz, wanns de schon esou e gudde Letzeboier wells sinn.
Karl#23 Oct 18, 2012, 15:24

Re: Ganz genau

#2: -  

 mir wellen bleiwen wat mir sin

Karl#24 Oct 18, 2012, 15:25
mir wellen bleiwen wat mir sin Letzebourger an eis sproo ass letzebourgisch oder Deutsch kuckt eis geschicht
Visiteur#25 Oct 18, 2012, 15:51

Re:

#24: Karl -

Mir wessen zwar net wat mer sinn, mä dat welle mer bleiwen M(